Se si faarweg, opfälleg an op ville Gebuertsdeeg, Hochzäiten an anere Feierlechkeeten e Must-have, allerdéngs alles anescht wéi ëmweltfrëndlech.

Ëmmer nees fënnt een an Australien Loftbäll an der fräier Natur. Well se net nëmmen d'Ëmwelt verschmotzen, mä och eng Gefor fir d'Déieren duerstellen, solle se elo an Deeler vun Australien verbuede ginn.

Wien an der Provënz Victoria ee Ballon fléie léisst, dee ka mat enger Geldstrof vun 991 australeschen Dollar (625 Euro) rechnen, eng Persoun am Optrag vun enger Firma esouguer mat 4956 Dollar Strof. Gëtt een direkt mat e puer Loftbäll erwëscht, kann ee 16.522 Dollar op den Dësch leeën, eng Firma esouguer 82.610 Dollar.

Mat Bléck op dës säfteg Strofe réit d'Regierung den Awunner, komplett op dës Dekoratioun ze verzichten. Wien dëst allerdéngs net wëll, dee soll drop oppassen, d'Loftbäll sécher ze befestegen, sou dass se net fortfléien. Soss kéint et zimmlech deier ginn...