Zu Tokio gëtt den Ament vill iwwert eng bestëmmte kierperlech Aktivitéit geschwat. Allerdéngs suergt keng opgelëschte Sportaart fir Diskussiounen...

Versichen d'Organisateure vun den Olympesche Spiller de Sex zu Tokio tatsächlech ze verhënneren oder waren dat just Rumeuren, bezéiungsweis Fake News? Op déi Fro ass een dës Lescht a villen internationale Medie gestouss. D'US-Boulevardzäitschrëft "New York Post" hat nämlech beriicht, dass d'Better aus Kartrong hiergestallt goufen, fir "Intimitéiten" tëscht de Sportler ze verhënneren an d'Anhale vum Social Distancing ze fërderen. Als Grondlag gouf en ironesche Beitrag vum US-Leefer Paul Chelimo geholl. Dësen hat getwittert, dass d'Olympia-Better just géingen d'Gewiicht vun enger Persounen aushalen. Ma ob do eppes drun ass?

Där Fro wollt den Turner Rhys McClenaghan nogoen an huet d'Kartrongsbetten op d'Prouf gestallt. An dat eleng, ganz am Respekt vun de sanitäre Mesuren. De Sportler huet sech dobäi gefilmt, wéi hien um Bett gesprongen ass an effektiv: Et ass méi robust, wéi et vläicht op den éischte Bléck ausgesäit. D'Behaaptung, Tokio hätt de Sportler "Anti-Sex-Betten" higestallt, wier also falsch. De Mythos ëm d'Kartrongsbette gouf séier widderluecht an de Video bannent kierzter Zäit zu engem viralen Hit.

Dëst ass allerdéngs net déi éischte Kéier, dass de Sex zu Tokio fir Gespréicher gesuergt huet. D'Organisateure wëllen eng 160.000 Kondomer un d'Athlete verdeelen. Ma och hei gouf nach emol betount, dass dës net "am Olympeschen Duerf solle benotzt" ginn. D'Sportler sollen d'Paräisser mat an hir Heemecht huelen, verdeelen a Reklamm fir Anti-HIV-Campagnë maachen.