D'Hollywood-Koppel zitt et an e Landhaus aus dem 18. Joerhonnert mat Pool a Wéngerten. Ma et sinn net déi eenzeg Promien, déi dohi geplënnert sinn.

Net wäit vun Aix-en-Provence ewech läit dat offiziellt neit Doheem vum Hollywood-Schauspiller George Clooney a senger Fra Amal. Den 160 Hektar groussen Domaine du Canadel ëmfaasst e Weier, eng Schwämm a souguer eege Wéngerten, net wäit vum Wënzerbetrib Château Margüi. Deen Terrain gehéiert dem US-Regisseur a "Star Wars"-Createur George Lucas, deen do e Luxus-Hotel opmaache wëll.

Nëmme eng hallef Autosstonn ewech läit d'Wiesen, dat dem Angelina Jolie a Brad Pitt gehéiert, d'Wäigebitt Château Marival. Déi fréier Hollywood-Dramkoppel hate sech dat 2008 fir 40 Milliounen Euro geleescht.

Bei de fréiere Proprietäre vum Domaine du Canadel handelt et sech ëm eng eeler australesch Koppel, déi zu Monaco lieft. Si haten d'Wiese scho virun e puer Joer an d'Vente gesat.
Iwwregens ass et net hir eenzeg Residenz am Süden. D'Vakanzevilla vum Goerge Clooney a senger Fra hu si um Comer See an Italien.

De Buergermeeschter vu Brignoles, den Didier Brémond, hat och schonn d'Éier déi nei Bewunner perséinlech an hirer neier Heemecht ze begréissen.