Iwwert en halleft Joerhonnert war se tëscht Waasserbëlleg an Uewerbëlleg am Asaz.

2017 du gouf Diesel-Fär Sankta Maria duerch eng Elektro-Fär ersat. Ma, elo kritt se awer en zweet Liewen. An zwar gëtt d'Sankta Maria an de Kamerun bruet.

Um Donneschdeg war den Depart, mat der Ms Tigris, déi déi 38 Tonne schwéier Sankta Maria op Antwerpen bréngt. A vun do aus geet et da mat engem spezielle Containerschëff an Afrika.