Den 82 Joer alen Horst Eschler aus Däitschland hëlleft senge Matmënsche gären a léisst si och emol u sengem Räichtum deelhuelen.

D'Héichwaasser an d'Iwwerschwemmungen hunn enorme Schued ugeriicht. Net nëmmen hunn iwwer 170 Leit hiert Liewe gelooss, ma och de Materialschued ass enorm. Experte vu Versécherunge schwätze vu bis zu 5 Milliarden Euro Schued. A grad an dësen däischteren Zäite wëlle vill Leit déi Betraffen net eleng loossen an hinnen ënnert d'Äerm gräifen, wou et nëmme geet. Sief et mat Opraumen a Botzen oder Spende vu Kleeder, Miwwelstécker, Hygiènesartikelen oder Geld.

Ee vun hinnen, deen eppes Guddes bewierke wollt, ass den Horst Eschler. Net manner wéi 1 Millioun Euro huet de Pensionär un d'"Aktion Lichtblicke" gespent. Eng grouss Zomm fir "Leit, déi alles verluer hunn", huet de Mann "dem Radiosender "Antenne Münster" géintiwwer gesot a betount: "an ech soe mir: ech ka mir muer trotzdeem nach meng Bréidercher kafen".

Ma net just wéinst dësem héije Betrag huet den Eschler an den däitsche Medie vu sech schwätze gedoen, mä duerch e Geste. Nodeems säi Liblingsveräin den Iwwerschwemmungsaffer 100.000 Euro zougeséchert hat, huet hien den FC Bayern München opgefuerdert, méi ze spenden. 100.000 Euro vum Rekordmeeschter wieren "e bësse lächerlech", huet hien ënnerstrach. Dowéinst déi kloer Uso un den däitsche Futtballveräin: Wa si eng Millioun spenden, leet hien nach emol 20 Prozent drop.

1 Dag méi spéit koum dunn d'Reaktioun aus München: Den Don gouf op 1,1 Milliounen Euro erhéicht. FC Bayern plangt e Benefizmatch géint den FC Schalke 04. Egal, wéi vill Erléis dobäi erakënnt, 1 Millioun Euro sollen un déi Betraffen aus Nordrhein-Westfalen a Rheinland-Pfalz gespent ginn. Weider 100.000 Euro gi vun der FC Bayern Hilfe e.V. un Affer aus Bayern iwwerwisen. Wéini de Match géint Schalke gespillt gëtt, steet nach net fest. Bannent den nächste Woche sollen awer méi Detailer kommen.

Fir den Horst Eschler war et net déi éischte Kéier, dass hien en Deel vu sengem Verméige fir de gudden Zweck ausginn huet. Virun e puer Méint huet hie 750.000 Euro un den Zoo zu Münster spent. Domat konnt d'Bierenhaus renovéiert ginn. An domat net genuch. Virun e puer Wochen hat hien nach emol den Déierepark kontaktéiert a gesot, dass hien nach méi maache wëll. Doropshin huet hien 33.333 Kanner e gratis Ticket an den Allwetterzoo geschenkt.