Hutt dir nach déi eng oder aner Capri-Sun mat Schallimo aus Plastik doheem, vläicht souguer nach en zouene Pak? Wéi wier et mat Verkafen amplaz Drénken?

Zanter dem neien EU-Gesetz vum 3. Juli 2021, dat den Eewee-Plastik, also och d'Schallimoe verbitt, hu vill Entreprisen a Produzente missen ëmdenken. Esou och bei Capri-Sun. Bis Uganks Juni hat ee sech d'Zil gesat, déi ganz Produktioun ëmzestellen an dat beléifte Gedrénks just nach mat engem Schallimo aus Pabeier unzebidden.

De Moment wier ee souguer am Gaang komplett u recycléierbar Alternativen ze schaffen. En Team aus Techniker, Wëssenschaftler, Fuerschungszentren a Fournisseuren tüftelt zesummen drun, den aktuelle Sachet méi ëmweltfrëndlech ze maachen.

Bis et souwäit ass, erliewen déi al Päck mat de Plastiksschallimoen en neien Hype. De Jus-Klassiker gëtt nämlech de Moment fir ronn 100 Euro pro Stéck op Ebay gehandelt. Et soll sech ëm richteg Raritéiten handelen, respektiv, et sollen déi lescht mat traditionell orange Capri-Sun-Schallimoen aus Plastik sinn. Wien also nach déi eng oder aner Oldschool-Capri-Sonne doheem huet, sollt sech wierklech iwwerleeën, ob ee se wëll drécken.

1969 koum iwwregens déi éischt Capri-Sun op e Maart an ass zanterhier eent vun de weltwäit beléiftste Jusen aus dem Pak. Bis haut gëtt op op kënschtlech Aromaen, wéi och Faarf- a Konservéierungsstoffer verzicht.