Bei engem Optrëtt beim Berliner Fluchhafen BER huet d'Sängerin Nena hir Fans opgefuerdert, sech net un d'Corona-Reegelen um Open-Air-Concert ze halen.

De Concert am Kader vun  "Unter Freiem Himmel 2021" e Sonndeg den Owend war als Konsequenz méi séier eriwwer, wéi geplangt. Verschidde Fans haten zum Beispill d'Masken net un an hu sech net un d'Gestes-barrière gehalen, dobäi wier dat kloer am Virfeld vun den Organisateure festgehale ginn.

Fir d'Hygièneskonzept goufen eng 15.000 Coca-Cola-Këschten esou zesummegestallt, dass jidderee säin eegene Beräich huet, fir d'Concerten ënner fräien Himmel ze genéissen. A genee an deene "Cubes" hu sech um Enn verschidde Leit net opgehalen.

Schold dru soll d'Nena gewiescht sinn. Déi 61 Joer al däitsch Sängerin soll hir Fans puer Mol opgefuerdert hunn, méi no bei d'Bün ze kommen. Dass Gardiene probéiert hunn, dat ze verhënneren, hätt d'Sängerin och net dru gehënnert, hir Opfuerderung ze widderhuelen. Um Enn hätt si nach geruff: "Mir gëtt hei gedreet, dass si d'Show ofbriechen, wann dir net an är Boxen zeréckgitt. Ech iwwerloossen et ärer Responsabilitéit, ob dir dat maacht oder net, dat däerf jidderee fräi decidéieren. Genee wéi jiddereen decidéiere kann, ob e sech impfe léisst oder net."

Och op de soziale Reseaue gesäit een op Videoe vum Concert, dass d'Nena keng Ustalte mécht, sech un d'Reegele vum Organisateur ze halen a setzt souguer nach een drop: "Also da maacht de Stroum aus oder huelt mech mat der Police hei erof - I don't f###ing care! Ech hunn d'Nues voll!"

De Public huet applaudéiert an nach ier de Concert richteg eriwwer war, war scho fréizäiteg Schluss, respektiv eng Zugab duerft net gespillt ginn. Verschidde Fans goufen och vum Terrain gebieden.

D'Sängerin huet scho virdru mat Bemierkungen, wéi se och vun der "Querdenker"-Beweegung ze héiere sinn, a Posts op de soziale Reseauen fir Opreegung gesuergt.

Helge Schneider verléisst Concert

Och en aneren däitsche Sänger huet wéinst de Corona-Mesurë polariséiert. Net well hie sech net un d'Reegele gehalen huet oder d'Fans dozou opgefuerdert huet, mä well hien einfach keng Loscht méi hat ënnert deene Konditiounen.

E Freideg den Owend war e sougenannte "Strandkorb"-Concert zu Augsburg virun 900 Spectateuren. Ma no nëmmen 30 Minutte war et schonn eriwwer an den Helge sichtlech echaufféiert iwwer déi aktuell Ëmstänn: "Ech muss soen, dat geet mir zimmlech op de Sak. Ech hunn esou lues keng Loscht méi."

Op där Plaz war och du Schluss. "Also, ech briechen de Strandkuerf-Concert op dëser Plaz of. Et deet mer immens leed. Vläicht kënnt dir är Suen zeréckkréien", mat deene Wierder huet den Helge Schneider d'Bün verlooss.

Déi ganz Geschicht kéint fir den däitsche Kultsänger awer elo juristesch Suitte kréien. Den Organisateur huet säin Affekot ageschalt. Elo géif iwwerpréift ginn, ob de Sänger kann op Schuedenersatz verklot ginn.