Zanter dem Ufank vum Joer sinn d'Präisser vum Kaffi rasant geklommen, dëst virun allem wéinst den extreeme Wiederbedéngungen a Brasilien.

Brasilien gëllt als ee vun de wichtegste Kaffisproduzente weltwäit. Extreem Wiederphenomener hunn dem südamerikanesche Land déi lescht Joren allerdéngs ëmmer méi ze schafe gemaach. Fir d'éischt hat Brasilien mat enger schlëmmer Dréchent ze kämpfen, am Wanter huet dunn de Frascht vill Planzen op de Plantagen zerstéiert. D'Konsequenz: D'Kaffispräisser sinn drastesch an d'Luucht gaangen.

Zanter Januar ass de Präis fir Arabica-Kaffi ëm 60 Prozent geklommen, dee fir Robusta-Kaffi ëm bal 40 Prozent, dat och, well et bei den Transportkäschte eng Hausse gouf.

Donieft hunn och déi politesch Onrouen am drëttgréisste Produktiounsland Kolumbien hiren Deel dozou bäigedroen, datt de Kaffi sou deier ginn ass.

D'Konsumente wäerten dat Ganzt iwwerdeems eréischt an 3 bis 9 Méint ze spiere kréien.