D'Längt vun den Trainingsboxe vun de Beachhandballspillerinnen huet bei der EM fir gréisser Diskussioune gesuergt.

Dës dierfen nämlech op der Säit net méi laang wéi 10 Zentimeter sinn. Donieft musse se kierperbetount geschnidde sinn. Mat dësem Dresscode waren allerdéngs net alleguerten d'Sportlerinnen averstanen. Nodeems d'Norwegerinnen am Match géint Spuenien méi laang Shorten unhaten, krute si vum europäeschen Handballverband EHF eng Geldstrof an Héicht vun 1.500 Euro wéinst "deplacéierter Kleedung".

Ënnerstëtzung kruten d'Beachhandballspillerinne vun der US-Sängerin Pink. Op Twitter huet de Popstar annoncéiert, dass si gäre bereet wier, d'Geldstrof z'iwwerhuelen. Ausserdeem huet si kritiséiert: "Den europäeschen Handballverband misst eng Strof wéinst Sexismus bezuelen."