D'Regioun ëm Ahrweiler, bekannt fir hir gutt Wäiner, ass mat am Schlëmmste vun de leschten Iwwerschwemmunge betraff.

Ze vill Awunner hunn dës Katastroph net iwwerlieft a vill vun hire Bierger hunn alles duerch d'Waasser verluer a sti virun den Iwwerreschter vun hirer Existenz.

An der Géigend ginn et och verschidde Wënzer, déi och ganz uerg vun dëser Katastroph getraff goufen. De Gros vun hire Recolten oder hire Stocken ass fort, zerstéiert.

Fir all déi Betraffen ze ënnerstëtzen, hu sech d'Regioun a verschidden Entreprisen eng afale gelooss. Déi Stocken u Wäin, déi nach do sinn, ginn elo als #Flutwein "Unser schlimmster Jahrgang" verkaf an d'Sue solle geholl ginn, fir den Neiopbau vun der Wäiregioun Ahrweiler z'ënnerstëtzen, an deem d'Sue vum Verkaf un d'Wënzer an d'Gastronomen aus der Regioun ginn.

Doduerch, datt een d'Fläschen an hirem Zoustand gelooss huet, wou ee se fonnt huet, an de Gros vum Stock a vun der Recolte zerstéiert gouf, ass den Inhalt rar an all Fläsch en Unikat. Donieft gouf de Flutwein op 1.000 Fläsche limitéiert.

Bestelle kann ee se op Flutwein.de