Nodeems op ville Plazen d'Impfbereetschaft zeréckgaangen ass, gëtt versicht, d'Leit mat ausgefalenen Aktiounen unzelackelen.

Sou zum Beispill zu Sonnenberg am Süde vun Thüringen. Normalerweis ginn hei ëm 140 Persounen den Dag geimpft. Nodeems annoncéiert gouf, dass et no der Sprëtz e gratis Wupp gëtt, gouf den Impfzentrum reegelrecht gestiermt. Vill Leit hu sech e Freideg ugestallt, well si sech d'Wurscht als Belounung net wollten huele loossen.

Wéi et vun der KV (Kassenärztlichen Vereinigung) heescht, wiere bis nomëttes iwwer 250 hongreg Mailer erschéngt, déi sech wollte vaccinéiere loossen.

Kee Wonner... d'Thüringer Wurschten hunn iwwert d'Landesgrenzen ewech e gudde Ruff. Fir vill Awunner gehéiere se esouguer zu den Nationalspezialitéiten.