Den 3. August 1986 ass de Prënz Louis als drëtt Kand vun der groussherzoglecher Koppel an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d'Welt komm.

De Prënz Louis huet 2 Bouwen aus dem fréiere Bestietnes mam Tessy Antony: De Prënz Gabriel Michael Louis Ronny, deen den 12. Mäerz 2006 zu Genf op d'Welt komm ass, an de Prënz Noah Etienne Guillaume Gabriel Matthias Xavier, gebuer den 21. September 2007.

Zanter 2004 ass de Prënz Louis Titulaire vum Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau. De Moment wunnt a schafft hien zu Paräis als Beroder bei Laurent Meeschaert Conseil.

A senger Fräizäit fiert de Prënz Louis Schi a Snowboard a geet gäre klammen. Och Dëschtennis, Kampfsport, Fechten, Reiden, Tauchen an d'Juegd gehéieren zu senge Leidenschaften. Donieft ass hien e begeeschterte Pilot.

RTL

© 2017 Cour grand-ducale / Lola Velasco / tous droits réservés

Am Abrëll hat de groussherzoglechen Haff matgedeelt, dass sech de Prënz Louis an d'Scarlett-Lauren Sirgue verloobt hunn. Enn Dezember 2020 gouf bekannt, dass de Prënz Louis eng nei Léift fonnt hätt. D'Scarlett-Lauren Sirgue ass vu Beruff Affekotin a schafft zu Paräis an hirem Cabinet "Sibe Avocats". Virun engem Joer gouf de Prënz Louis fir déi éischte Kéier un der Säit vum Scarlett-Lauren gesinn, dat bei enger Award-Show.

RTL

© Collection privée de LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse de Luxembourg / Emanuele Scorcelletti