Dëst wier eng Reaktioun vun den Organisateuren op d'Bemierkunge vum US-Rapper iwwer Homosexueller a Mënsche mat Aids.

Wärend engem Concert Enn Juli a Miami hat de Kënschtler, dee mat richtegem Numm Jonathan Lyndale Kirk heescht, fir gréisser Diskussioune gesuergt, wéi hie falsch Informatiounen iwwer HIV an Aids verbreet hat. Donieft hat hien zum Public gesot: "Wann Dir haut net mat HIV, Aids oder anere sexuell iwwerdrobare Krankheeten heihi komm sidd an Dir an 2-3 Woche stierft, dann haalt Är Handy-Liichter an d'Luucht". Schockéiert hat de Museker och duerch homophob Bemierkungen a Beleidegunge géintiwwer Fraen.

Zwar hat sech den DaBaby via Instagram an engem Video fir seng Aussoen entschëllegt, ma dëst ass den Organisateure vum Festival net duergaangen. Lollapalooza wier "op Basis vu Vilfalt, Inklusivitéit, Respekt a Léift gegrënnt ginn. An deem Sënn wäert den DaBaby net am Grant Park optrieden", sou d'Initiateure vum Festival zu Chicago. A senger Plaz solle Young Thug a G Herbo op der Bün stoen.

Mëttlerweil hu sech och eng Partie Kënschtler vum DaBaby distanzéiert, dorënner d'Dua Lipa. D'Musekerin, déi mam US-Rapper zesummen d'Lidd "Levitating" erausbruecht huet, huet sech an de sozialen Netzwierker "iwwerrascht an entsat" gewisen.

Den Elton John huet dem DaBaby iwwerdeems reprochéiert, Fake News ze verbreeden an domat zur Stigmatiséierung vun der Krankheet bäizedroen. Falsch Informatiounen iwwer HIV an Homophobie hu keng Plaz an der Museksindustrie, schreift d'Stëftung vum Elton John.