Seet ee Wanderen, denkt een u kilometerlaang Tier a virun allem u Gesellegkeet. E puer flott Stonnen zesummen eppes erliewen an d'Géigend entdecken.

Wéinst der Coronakris war d'Wanderen an de leschten 12 Méint komplizéiert. U sech, kaum méiglech. 32 Wanderunge goufen annuléiert.

Iwwer d'Hallschent vun de Wanderfrënn wär duerch d'Pandemie verluer gaangen. Digital Wanderen ass mëttlerweil "à la une". A grad ewéi d'lescht Joer, gëtt och dëse 15. August eng IVV-Wanderung zu Iechternach organiséiert. Ënnert dem Motto "Wandere fir ze hëllefen" gëtt déi integral Zomm vum Startgeld un d'Iechternacher Populatioun iwwerwisen.

6, 11 oder 15 Kilometer stinn op Maria Himmelfaart zur Auswiel. Wat am Mee 1971 mat enger éischter IVV-Wanderung ugefaangen huet, zitt sech mëttlerweil ewéi e roude Fuedem duerch déi 50 Joer Wandersportfederatioun. Duerch d'Coronazäit huet sech d'Wandere vum Gesellschafts- zum Individualsport entwéckelt.