Et ass e ronne Gebuertsdag, dee vill Leit grouss feieren, ma fir d'Fra vum Prënz Harry soll d'Feier méi kleng ausfalen, awer dofir net méi schlecht.

U sech wollt d'Meghan hire groussen Dag zesumme mam prominente Partyplaner Colin Cowie zu engem onvergiesslechen Erliefnis maachen. Dat gouf emol an hirem enksten Ëmfeld erzielt. Ma aus dëse Pläng soll elo awer näischt ginn. Wéi en Insider "Page Six" verroden huet, hätt de Prënz Harry en intimen Ausfluch mat senger Häerzensdamm wëlles. Wouhin et goe soll oder wat hien alles geplangt huet, gouf net gesot.

Viru 5 Joer huet sech d'Koppel bei engem "Blind Date" kennegeléiert a vun do un eng Partie turbulent Joren zesumme verbruecht. No hirer Hochzäit am Joer 2018 an dem hefteg diskutéierten "Megxit" si si mat hirem Bouf Archie an d'USA geplënnert. A Kalifornien koum virun e puer Méint hiert 2. Kand Lilibet Diana op d'Welt.

Via sozial Medie krut d'Gebuertsdagskand vun der brittescher Kinneksfamill gratuléiert.