D'Sarah Gilbert huet wärend der Pandemie bei der Entwécklung vum Corona-Impfstoff Astrazeneca gehollef. Elo gëtt et d'Impfexpertin och a Barbie-Versioun.

Et ass eng Barbie mat laange rouden Hoer, engem Brëll a se huet e schwaarze Kostüm un. Dat ass déi nei Sarah-Gilbert-Barbie, déi ee mëttlerweil ze kafe kritt. Mattel, den US-Produzent fir Spillsaachen, huet eng Serie vun 6 Wëssenschafts-Barbië rausbruecht. Verkierpert gi Fraen, déi wärend der Pandemie besonnesch Leeschtungen erbruecht hunn. Dorënner och eng amerikanesch Infirmière an eng brasilianesch Fuerscherin.

Mattel wéilt domadder déi zukünfteg Wëssenschaftlerinnen inspiréieren an déi 6 Fraen éieren, fir hir Aarbecht wärend der sanitärer Kris.

D'Sarah Gilbert fënnt déi Form vun Éierung e bësse komesch. D'Wëssenschaftlerin géif awer hoffen, dass d'Kanner esou op Beruffer opmierksam ginn, déi se nach net kennen.