De Liewensmëttelkonzern Mars muss e puer Chargen M&M's zeréckruffen, well hei Produiten verschafft goufen, déi mat Gentechnik verännert goufen.

Betraff dovunner sinn déi blo verpaakten M&M's Crispy an de Päck vun 36 Gramm, 187 Gramm an 255 Gramm, déi den 23. an 30. Januar 2022 oflafen. Och Päck vun 128 Gramm mam Datum 23. Januar 2022 sinn concernéiert. Leit, déi esou e Pack kaf hu, solle sech beim Konsumenteservice vu Mars mellen.

Schold un dëser Réckruffaktioun soll e Liwwerant sinn, dee Gentechnik bei senger Produktioun agesat huet. Doduerch befanne sech an de Séissegkeeten gentechnesch verännert Organismen.