Amplaz Uriff vu Clienten unzehuelen, huet e schwedesche Finanzbeamte seng eegen Telefonsnummer ugeruff.

Den 28 Joer ale Mann huet sech selwer mat sengem Handy ugeruff, fir datt hien am System vu sengem Employeur als "besat" ugewise gëtt. D'Uriff vun de Clientë si dunn all un aner Mataarbechter weidergeleet ginn.

Tëschent dem 10. Mäerz an dem 5. Mee huet de Schweed säin eegenen Uschloss 32 Mol ugeruff. Doduerch huet hien am Ganze 55 Aarbechtsstonnen erëmkrut, wat siwe Schaffdeeg sinn. Am Rapport heescht et, datt sech verschidden Uriff iwwer e puer Stonne gezunn hunn. Dem Mann riskéiert elo d'Kënnegung.

Well de Finanzbeamten zanter Januar 2021 am Homeoffice war, ass sengem Virgesetzte säi Feelverhalen eréischt am Abrëll opgefall. Am Verglach zu senge Mataarbechter hätt hien ongewéinlech laang telefonéiert.

Op Nofro hin huet de Schweed zouginn, datt hien net geschafft hätt. Et schéngt awer ewéi wann hie seng Aktiounen net bereie géif. Eng Enquête huet erginn, datt hien esouguer no sengem Ageständnes véier Mol op seng eegen Nummer ugeruff huet. Bei der Convocatioun am Mee huet de Mann sech mat enger "extreem niddreger" Aarbechtsmotivatioun verdeedegt.