Nach bis e Sonndeg geet et um Glacis ronn an dann ass et eriwwer mam „Fun um Glacis“.

Domadder geet déi éischt alternativ Fouer op en Enn. Eng grouss Kiermes, déi wéinst der Pandemie huet missen ëmorganiséiert ginn. Eng Ëmstellung fir d’Visiteuren an natierlech virun allem fir d’Forainen. Ma trotz Corona-Aschränkunge waren déi meescht frou driwwer, dass se iwwerhaapt endlech mol nees konnten hir Buden a Manegen opriichten, dat no all deene Méint Stëllstand.

Schluss mat Jetonen: Knuppautoe kënne via App aktivéiert ginn

Wien um "Fun um Glacis" mat de Knuppautoe fuere wëll, dee brauch sech am Viraus net méi ëm d'Jetonen ze këmmeren.

Neierdéngs kann ee seng Ticketen nämlech via App kafen. An anere Wierder aktivéiert ee säin Auto via Bluetooth. Ma wéi gëtt een domadder eens am Ufank? Ass et generatiounsbedéngt méi einfach fir Jonker oder klappt et bei jidderengem? Mir hunn den Test gemaach. Wat dobäi erauskomm ass, gesitt Dir an eisem Tëlee-Reportage.

Neistart um Glacis: No "Pechsträhn" geet et fir den "Happy Sailor" elo erëm biergop

Mir hunn e Forain vu Bremen getraff, fir deen déi lescht 12 Méint besonnesch schlëmm waren. Nieft dem Corona-Lockdown war him no der leschter Schueberfouer um Wee fir Heem nämlech och nach e Camion verbrannt. Am Interview erzielt hien eis, wéi him elo en Neistart zu Lëtzebuerg gelongen ass.