Et ass e Must-have fir Royal-Fans: Bijoue vun der franséischer Kinnigin kommen ënnert den Hummer.

Zwee Bracelete vum Marie Antoinette ginn am November zesummen zu Genf versteet. De Wäert vun de Bijoue gëtt op zwou bis véier Milliounen Dollar (1,8 bis 3,7 Milliounen. Euro) geschat, esou heescht et vum Auktiounshaus Christie's e Mëttwoch. D'Braceleten, déi och als Collier kënnen zesummegesat ginn, bestinn aus 112 Diamante mat 140 bis 150 Karat.

De Präis ergëtt sech net nëmmen duerch de materielle Wäert vun den Diamanten, mä och duerch den emotionale Wäert; nämlech "Bijouen ze droen, déi déi berüümt Kinnigin Marie Antoinette unhat", esou d'Bijousexpertin Marie-Cécile Cisamolo. Doduerch kéinten d'Bijoue bei der Stee de 9. November nach vill méi en héije Präis erreechen. 2018 hat e Pärelunhänger vun der Kinnigin, deen op eng bis zwou Milliounen Dollar geschat gi war, fir 36 Milliounen Dollar de Besëtzer gewiesselt.

D'Marie Antoinette war déi lescht Kinnigin vu Frankräich virun der Revolutioun. Si war am Oktober 1793 am Alter vu 37 Joer exekutéiert ginn. Informatioune vum Auktiounshaus Christie's no hat d'Kinnigin dem Paräisser Bijoutier Charles Auguste Boehmer den Optrag fir d'Braceleten am Joer 1776 ginn. D'Marie Antoinette hätt dofir 250.000 Pond bezuelt, wat zu där Zäit eng "immens Zomm" war.