De Weekend gëtt et e grousse Comeback: Den Evander Holyfield steet nämlech nees am Boxréng. Ma och op den Donald Trump waart e groussen Optrëtt.

Hien a säi Jong Donald Trump Jr wäerten nämlech zesummen e Boxkampf kommentéieren. D'Boxen ass eng grouss Leidenschaft vum 75 Joer ale Republikaner. An den 80er an 90er Joren huet de fréieren US-President Boxkämpf a senge Casinoen organiséiert. E Samschdeg den Owend dierf hie senge Gedanken zum Kampf fräie Laf loossen. "Ech hu groussaarteg Kämpfer a groussaarteg Kämpf gär", heescht et vum Donald Trump an engem Statement vum Streamingdéngscht Fite TV. Wien dëst Evenement net verpasse wëll, dee kann de Stream online fir 49,99 Dollar, ëmgerechent 42 Euro kucken.

Ob et en eemolegen Optrëtt wäert sinn oder ob den Ex-President och an Zukunft wäert Boxkämpf kommentéieren, ass net gewosst. Déi meeschten Zäit verbréngt hien den Ament nämlech a Florida a këmmert sech ëm seng Kandidatur fir déi nächst Presidentiellen.

Iwwer 10 Joer ass dem Evander Holyfield, och bekannt ënnert dem Spëtznumm "The Real Deal", säi leschte Profi-Kampf hier. De 7. Mee 2011 hat hien an Dänemark géint de Brian Nielsen gewonnen. E Samschdeg wäert de fréiere Weltmeeschter géint de Vitor Belfort untrieden.