Ee konservative Bëschof soll säin Amt niddergeluecht hunn, well hie sech an eng Schrëftstellerin verléift huet, déi satanesch-erotesch Bicher schreift.

De Xavier Novell Goma ass als Spezialist a Froen Exorzismus, wéinst sengem Widderstand géint d'Homosexualitéit, d'Stierfhëllef an Ofdreiwungen, a well hie fir d'Onofhängegkeet vu Katalounie war, bekannt ginn.

Den 52 Joer alen Novell huet sech an déi gescheete Psychologin a Schrëftstellerin Silvia Caballol verléift a wéilt d'Saache richteg maachen. Dat sot hien der Zeitung "Religión Digital".