An den USA ass e Spiderman-Comicheft versteet ginn. Et geet ëm d'Heft "Amazing Fantasy No.15", wat 1962 eraus koum an deemools 12 Cent kascht huet.

Elo ass d'Heft awer däitlech méi wäert. Et geet nämlech ëm de weltwäit am beschten erhalenen Exemplaire vun dëser Ausgab. Dofir huet een op der Stee ronn 3 Milliounen Euro op den Dësch geluecht. Et ass deen héchsten Präis, dee bis ewell fir e Comicheft bezuelt gouf.

D'Heft vu 1962 erzielt d'Ursprongsgeschicht vu Spiderman, deen a sengem Privatliewen als Peter Parker ronderëm leeft a guer net beléift ass. Den Erfolleg vun der Ausgab war éischter onerwaart. 1963 krut de Spiderman du seng eege Comicserie.