Bei engem Benefice-Evenement am New Yorker Metropolitan Museum huet d'Demokratin an d'Kongress-Politikerin mat engem Message fir Diskussioune gesuergt.

Op d'mannst 30.000 Dollar kascht iwwregens esou en Ticket fir op déi berüümte Met-Gala zu New York. Dobäi war och déi lénk Deputéiert Alexandria Ocasio-Cortez, déi an de leschte Joren zu enger wichteger Figur bei den Demokrate ginn ass.

D'Politikerin hat e wäisst Kleed un, op deem a grousse roude Buschtawen "tax the rich", also "besteiert déi Räich" stoung. Wien d'Politikerin e wéineg kennt, dierft dës Ausso allerdéngs net all ze vill schockéieren, si gehéiert nämlech zum lénke Fligel vun der demokratescher Partei an huet ënnert anerem am Walkampf 2016 de Kandidat Bernie Sanders ënnerstëtzt.

Niewend engem berechtegte politesche Message, deen déi politesch Géigner natierlech provozéiert, geheien der Politikerin allerdéngs och verschidde Kritiker Hypokrisie vir. Ënnert anerem eng Journalistin vun der New York Times huet getwittert, dass et schwiereg wier, bei engem Event, op deem en Ticket eleng scho 35.000 Dollar kascht en deiert Kleed unzehunn, mat esou enger Ausso. Dobäi kéimen nach 275.000 US-Dollar fir en Dësch an eben d'Kleed, dat ronn 1.000 Dollar dierft kaschten, esou de konservative Kolumnist Benny Johnson. En anere Publizist schreift nach, dass wann een un der Met-Gala deel hëlt, ee kee Revolutionäre wier, ma dass dat ganzt éischter nees e Symbol vum politeschen Establishment wier.

D'Alexandria Ocasio-Cortez huet no der Gala nach eemol ënnerstrach, dass et wichteg wier, driwwer ze diskutéieren, wat et géif heeschen, als faarweg Fra aus der Aarbechterklass op der Met-Gala dobäi ze sinn. Et kéint een net einfach matspillen, ma et misst een déi 4. Mauer duerchbriechen an e puer Institutiounen erausfuerderen.

All Joers ginn op dësem Owend e puer Milliounen Dollar gesammelt, déi dann dem Musée selwer als Jores-Budget zur Dispositioun stinn.