Mat ganz ausgefalene Kreatioune sinn e Méindeg den Owend d'Billie Eilish, de Rapper Lil Nas X an d'Turnerin Simone Biles iwwer den Teppech getrëppelt.

Nodeems déi bekannte Met-Gala duerch d'Pandemie huet missen zwee Mol ofgesot ginn, hu ronn 400 Schauspiller, Museker, Modelen a Sportler sech selwer an d'Moud bei där legendärer Gala am "New Yorker Metropolitan Museum of Art" gefeiert.

Bei der Met-Gala gëtt nëmmen d'A-Prominenz, also déi wierklech wichteg Leit agelueden, déi da ronn 31.000 Euro pro Plaz bezuelen. D'Suen, déi zesumme kommen, ginn dann un den "Kostüm-Institut" vum Metropolitan Musée.

No engem Joer konnt "d'Spenden-Gala" 2021 erëm organiséiert ginn. Allerdéngs ass se vum Mee op de September verluecht ginn. "Et fillt sech esou onrealistesch un", sot d'Rapperin Megan Thee Stallion, déi fir déi éischte Kéier ageluede war. D'Rapperin wier an deenen 18 Méint Pandemie "bëssen introvertéiert" ginn an et wier "komesch" mat esouvill Leit ze feieren.

D'Sängerin Billie Eilish, déi dëst Joer moderéiert huet, hat een "apricotfaarwege" Rack mat enger meterlaanger Schleef un. D'Glitzerkleed vun der Turnerin Simone Biles war esou schwéier, datt d'Rekord-Weltmeeschterin all Träpplek huet missen eenzel "eropklammen". De Rapper Lil Nas X hat dräi gëllen Tenuen iwwereneen un, déi hien op der Trap eenzel presentéiert huet.

De Rapper ASAP Rocky hat eng "Patchwork-Decken" un an de Sänger Frank Ocean ass mat gréngen Hoer an enger grénger "Puppelcherspopp" iwwer den Teppech getrëppelt. Déi kanadesch Musekerin Grimes, déi als eng vun deenen eenzegen eng Mask unhat, huet besonnesch iwwer sech schwätze gedinn, well si ee Schwäert dobäi hat. "Vläicht, fir datt déi aner zwee Meter Ofstand halen", wéi een Notzer an de sozialen Netzwierker schreift.

Presentatrice war wéi ëmmer d'Anna Wintour, déi zanter méi ewéi dräi Joerzéngten d'US-Versioun vun der "Vogue" dirigéiert.