Eng Etüd, déi e Freideg verëffentlecht gouf, huet festgehalen, dass d'Hollänner am Verglach zu de leschte Generatioune méi kleng ginn.

Elo mol virop, keng Panik, wann dir Hollänner sidd. D'Hollänner sinn nach ëmmer déi gréissten Mënsche vun der Welt, just hire Wuesstem, deen iwwer vill Generatiounen ugedauert huet, deen huet opgehalen.

An der Etüd gouf festgehalen, dass am Duerchschnëtt déi haut 19 Joer al Männer 182,9 Zentimeter grouss sinn an domat een Zentimeter manner, wéi déi Männer, déi 1980 op d'Welt komm sinn. D'Frae si mat haut 169,3 Zentimeter souguer 1,4 Zentimeter méi kleng wéi déi eeler Generatioun.

Kleng Entwarnung

D'Hollänner sinn nach ëmmer déi gréisst Natioun weltwäit, sou d'Statistikagence. An Holland liewen deemno déi gréisste Männer, viru Montenegro, Estland a Bosnien. Och d'hollännesch Frae leie dem Gesondheetsnetzwierk Non-Communicable Disease Risk Factor Collaboration no un der Spëtzt, viru Montenegro, Dänemark an Island.

D'Auteure vun der Etüd ginn dovun aus, dass d'Immigratioun vu méi klenge Mënsche mat "net-westlechem Hannergrond", mä och eng ongesond Ernärung de Grond fir d'"Schrumpfen" sinn.
D'Hollänner waren awer net ëmmer sou grouss. Am Ufank vum 19. Joerhonnert ware si éischter méi kleng am europäesche Verglach. Eréischt an de 40er Jore goung et an d'Héicht. Wéi hinnen dat gelongen ass, dat huet nach kee richteg erausfonnt. E beléifte Mythos seet, de Wuesstem kéim wéinst dem héije Konsum vu Mëllechproduiten. Wëssenschaftlech fundéiert ass dat wéi gesot net.