De leschte Wëlle vum verstuerwene Mann vun der brittescher Kinnigin Elizabeth II. soll eréischt dat nächst Joerhonnert ëffentlech gemaach ginn.

Fir "d'Würd an de Stand" vun der Monarchin ze schützen, bleift d'Testament vum Prënz Philip fir déi nächst 90 Joer nach geheim. Dat huet e Riichter vum Ieweschte Geriicht zu London en Donneschdeg decidéiert. Eréischt duerno gëtt et fir Historiker zougänglech.

Et läit em ëffentlechen Interessi, d'Privatsphär vun der Queen an enke Membere vun der kinneklecher Famill ze schützen, sou de Riichter Andrew McFarlane. De besonnesche Stand vun der Kinneksfamill rechtfäerdegt, dass hiert Privatliewe besonnesch geschützt muss ginn. Et géing awer och e geschichtleche a biografeschen Interessi um Testament, erkläert de Riichter. Dofir soll et och fréistens no 90 Joer ënner Opsiicht vun engem professionellen Archivist entsigelt ginn.
De Prënz Philip war den 9. Abrëll kuerz viru sengem 100.Gebuertsdag gestuerwen. Hie stoung 73 Joer un der Säit vun der Queen.