Den Nathan Paulin ass mat enger spektakulärer Aktioun zu Paräis virun enger impressionnanter Kuliss opgetrueden.

Den Héichseel-Weltmeeschter ass vum Eiffeltuerm aus, queesch iwwer d'Seine bei den Tuerm vum "Théâtre National de Chaillot" balancéiert. Dat spektakuläert Konschtstéck war e Samschdeg Deel vun de Veranstaltungen, déi am Kader vum Dag vum Nationale Kulturierwen a ganz Frankräich organiséiert goufen. D'Danzgrupp vum Theater huet d'Aktioun, déi fir Staune gesuergt huet, organiséiert a mat Musek ënnermoolt.

Den Depart um Eiffeltuerm war op 68 Meter Héicht. Vun hei aus ass de Paulin iwwer d'Seine gaangen, fir op 56 Meter Héicht beim Tuerm op där anerer Säit unzekommen. D'Verwaltung vum Eiffeltuerm huet matgedeelt, datt dëst déi längsten Héichseelverbindung, déi an enger Stad zeréckgeluecht ginn ass, wier.

Schonn 1989 huet een aneren Héichseelspezialist dës Streck iwwerwonnen. Dëst fir den 100. Anniversaire vum Eiffeltuerm. Op d'mannst genau esou vill Adrenalin hat den Nathan Paulin wuel, wéi hien Enn 2019 an 150 Meter Héicht eng 510 Meter laang Streck tëscht zwee Héichhaiser hannert sech gelooss huet.