De Site dréit dozou bäi, d'Usammlung vun Offall op de Recycling-Häff ze reduzéieren.

"Benu Reuse" ass eng nei Plattform am Internet, op där ee ka Géigestänn spenden oder no Saache sichen, déi ee selwer brauch. D'Organisatioun Benu kritt am Kader vun hirem "Benu Village Esch" sëllegen Ufroen, fir hinne Géigestänn a guddem Zoustand ze schenken. Ma oft ass et awer de Fall, datt d'Grupp dës net all kënnen am "Village" ënnerbréngen. An deem Fall kontaktéiere si aner Organisatiounen an Initiativen, fir ze verhënneren, datt d'Saachen, déi nach gutt sinn, awer an Feieriewen landen.

Well d'Verbrenne vun nach gudde Saache géint d'Objektiv vun der Organisatioun geet, hu si elo eng Plattform ageriicht, op där een iwwert hiert Netzwierk eraus, no Interessente ka sichen, déi engem d'Géigestänn ofhuelen. Dacks wëssen d'Leit och net op hir Saachen nach derwäert sinn, se weiderzeginn oder ee se awer ewech geheie soll. Aus deem Grond fënnt een um Site och eng sëllegen Etüden a Gesetzer, déi engem hëllefe sollen, erauszefannen op hir al Saachen nach gutt sinn oder ee se besser soll recycléieren.

Fir den ekologesche Foussofdrock ze optiméieren an d'Qualitéit vun de Géigestänn ze iwwerpréiwen, iwwerhëlt Benu dee kompletten Transport.