Siwe Méint no der Prinzessin Eugenie ass elo och hir Schwëster d'Prinzessin Beatrice fir d'éischte Kéier Mamm ginn.

De Méindeg konnt de britteschen Haff freedeg Noriichte matdeelen: D'Prinzessin Beatrice, déi eelsten Duechter vum Prënz Andrew an dem Sarah Ferguson, krut hiert éischt Kand. Schonn de Samschdegowend koum d'Duechter vun der Prinzessin an hirem Mann, dem Edoardo Mapelli Mozzi, am Chelsea and Westminster Hospital zu London op d'Welt.

De Puppelchen war bei der Gebuert ronn 2,8 Kilo schwéier. En Numm ass nach net bekannt gemaach ginn. Mamm a Kand geet et gutt an déi kleng Famill freet sech drop, hir Duechter sengem grousse Brudder, dem Christopher Woolf, virzestellen. Dat fënnef Joer aalt Kand ass dem Edoardo Mapelli Mozzi säi Jong aus senger fréierer Bezéiung mat der US-Architektin Dara Huang.

Fir déi 95 Joer al Queen Elizabeth ass et schonn dat 12. Urenkelkand. Ufank dës Jores hat d'Prinzessin Eugenie, dem Beatrice hir méi jonk Schwëster, hiert éischt Kand mat hirem Mann Jack Brooksbank kritt. De Prënz Harry an d'Meghan hu sech de 4. Juni iwwer d'Gebuert vun hirem Lilibet gefreet.