Leschte Samschdeg huet eng spektakulär Show op de Kierchbierg invitéiert.

De ganzen Dag konnten d’Leit op der Place de l’Europe bekannte BMX-Fuerer a Skater bewonneren, wéi si hiert Kënnen an dräi verschidden Disziplinnen ënner Beweis gestallt hunn. Dorënner och de 6-fache Weltmeeschter am BMX-Flatland Viki Gómez, deen de "Red Bull 3EN1" dëst Joer fir d’véierte Kéier zu Lëtzebuerg organiséiert huet: "Eist Konzept ass keng Kompetitioun, mä eng improviséiert Seance, un där jiddereen deelhuele kann. Mir wëllen de Leit zu Lëtzebuerg den Extremsport méi no bréngen. All Mënsch kann hei e flotten Dag verbréngen, selwer fueren an eis Profisportler kenneléieren."

Och aner international bekannte Fuerer wéi de Courage Adams, den Danny Léon oder de 16 Joer jonke Jaka Remec ware present an hunn hier Tricken a Spréng demonstréiert. Den 3EN1 ass awer méi wéi nëmmen e Spektakel.