Eng Koppel a Schweden hat sech e bësse méi e speziellen Numm fir hire Bouf erausgesicht, kënnt domat awer net duerch.

D'Elteren hate sech den Numm vum russesche Staatschef erausgesicht an dee gouf um zoustännegen État civil refuséiert. Den Numm "Vladimir Putin" géif an d'Kategorie "net ubruecht" falen a wier dowéinst net erlaabt. Den Numm, deen eng Persoun kritt, dierf nämlech weder beleidegend sinn, nach déi Persoun a Verleeënheet bréngen oder eben aus iergendengem Grond als net ubruecht ugesi ginn, sou d'Erklärung.

D'Demande vun den Elteren aus engem Duerf am Süde vu Schweden war Uganks September refuséiert ginn, ënner aneren awer och nach aus deem Grond, well "Putin" als Virnumm engem Familljennumm gläicht, dee schonn existéiert.

D'Eltere kruten awer direkt e Formulaire matgeschéckt, fir en neien Numm unzefroen. Ëmmerhin...