Op bal all Chantier, an der Stad oder um Land, sti se. Meeschtens giel, aus Stol, an héisch – esou richteg héisch.

De Beruff vum Grutier / Reportage Rosa Clemente

Ma zu Lëtzebuerg ass et nawell schwéier, eng degagéiert Vue ze hunn, ouni datt am Hannergrond iergendwou ee Kran ze gesinn ass. Mee wie sinn déi Leit, déi dagdeeglech op dësen Héichte schaffen an iwwert de Käpp vun hiren Aarbechtskolleege schwiewen.

Eng RTL-Ekipp wollt sech dovu selwer ee Bild maachen an ass kuerz virum Congé collectif selwer a 35 Meter Héicht geklommen. Do huet si de Yannick Panicali kennegeléiert. Den 42 Joer ale Fransous schafft zanter méi wéi 14 Joer als Grutier a manövréiert Kranen an 30, 50 oder 70 Meter Héischt. A senger Kabinn verbréngt hie pro Dag op d'mannst 8, dacks awer och méi Stonnen. Eng usprochsvoll Aarbecht, déi de Yannick Panicali – sou seng Wierder – net mësse wëll.