No enger Renovéierung vun engem Buedzëmmer koum et zu engem Sträit tëscht enger Cliente an engem Handwierker.

Well d'Fra net alles bezuelt hätt, ass de Sträit eskaléiert an de Mann huet seng eegen Aarbecht mat engem Hummer futti geschloen.

Op engem Video héiert een, wéi d'Fra den Installateur ëmmer rëm freet fir opzehalen. Ma de Mann wollt awer,  datt aner Handwierker solle gesinn, datt si d'Rechnung net bezuelt hätt an esou keen aneren d'Buedzëmmer renovéiere géif.

D'Fra behaapt awer, datt si ee groussen Deel vun der Rechnung scho bezuelt hat. De Rescht wollt si iwwerweisen, wa si mam Resultat zefridde wier. Dozou wäert et wuel net kommen.

Si wëll elo mat der Affär viru Geriicht goen. D'Police huet schonn eng Enquête lancéiert.