Réckblécker op d’politesch Karriär vum Angela Merkel ginn der an dësen Deeg a Woche vill gemaach, ma mir maachen elo ee moudesche Réckbléck.

16 Joer an der Ëffentlechkeet, ëmmer begleet vu Fotografen. Egal ob bei hire politesche Rendez-vousen oder privat, wa si an d’Oper gaangen ass. Jiddereen huet gesinn an analyséiert, wéi d’Bundeskanzlerin gekleet war. Top oder Flopp, de Guido Maria Kretchmar an d’Alice Schwarzer mat hirem Kommentar.

Vill Faarwen, vill Ensembelen. No 16 Joer huet d’Angela Merkel d’Faarfpalett quasi eemol duerch. Trotz de verschiddene Faarftéin, den däitschen Designer Guido Maria Kretschmer fënnt, datt si iwwert déi lescht Joren hirem Kleederstil bei de politeschen Optrëtter trei bliwwen ass.

 “Was hätte die tragen sollen, ausser vielleicht ihren Look? Die war immer mit Männern, immer mit Männern. Sollte die da im Kostüm kommen? Also ich glaub es war gut, so wie sie das gemacht hat.”

Tëscht 2010 an haut stoung all Joer de Besuch vun de "Bayreuther Festspiele" op hirem Programm.  Eng Méiglechkeet fir d’Angela Merkel, sech aneschtes ze kleeden. An och méi weiblech ze presentéieren, wat se dem Alice Schwarzer no wärend hirem Alldag als Bundeskanzlerin éischter vermidden hätt.

“Wir sind ja nun mal Frauen und das hat sie versucht so stark wie möglich runter zu spielen, mit ihrem Kleidungsstil. Sachlich, bequem, Jacket, Hose, flache Schuhe, also keine falschen  Koketterien. Und gleichzeitig hat sie einen ganz spezifeschen Charme. Ich würde sagen, sie ist so was zwischen Mädchen und Kamerad.”

Egal ob Tailleur oder Rack, an de Joren, déi elo kéimen, no hirer Karriär als Bundeskanzlerin, kéint si sech no Loscht a Laun kleeden, mengt de Guido Maria Kretschmer, an endlech "richteg Fra" sinn.  Eng Fro, déi sech awer stellt: Wat gëtt aus deene ville faarwegen Tailleuren, déi sech bei der Angela Merkel am Kleederschaf iwwert all déi Joren ugesammelt hunn?