Mir liewen an enger Konsumgesellschaft. Ma wien eppes dozou bäidroe wëll, datt mer manner ewechgeheien, dee recycelt.

De Service Nationale de la Jeunesse (SNJ) huet zesumme mat engem Grupp de Projet “Up-Cycling” an d’Liewe geruff, wou Jonker aus alem Material, wat soss géing an d'Poubelle fléien, nees eppes Funktionelles maachen.

Fir bei den Atelier ze kommen, wou sech dat Ganzt ofspillt, muss ee fir d’éischt duerch dem Robin säi Buttek “Les puces de Gistingen” trëppelen. Wann een dann awer bis am Gaart ukomm ass, weess een, ëm wat et geet.

Et ass déi éischte Kéier, dass den SNJ mat engem Geschäftsmann zesummeschafft. "Les puces de Gostingen" ass u sech e Betrib, mam Zil, keen Offall ze produzéieren. De Robin a seng Fra verkafen do gebrauchte Miwwel. Hie gëtt deene Jonken och Material, mat deem se eppes ufänke kennen.

Resultat: De Gaart hannert dem Robin sengem Buttek huet sech staark verännert. Wou virdrun nëmme Wiss war, stinn elo verschidde selwer gebaute Miwwel, respektiv e puer Chillgeleeënheeten. Alles dat ass aus de Käpp vun deene Jonken entstanen.

Obwuel d’Aktioun schonn eriwwer ass, gëtt et awer nach eng gutt Noriicht: Dëse Gaart soll net direkt nees verschwannen, mee bleift fir de Public op. E flotte Projet, deen alt nees beweist, datt een net alles muss an d’Poubelle geheien, wat ee selwer net méi brauch.