Et ass wuel ee vun deene Beruffer, mat deem ee ganz vill Mënschen op der Welt ka glécklech maachen. Ma dat heescht awer net, dass e manner ustrengend ass.

Am Géigendeel: et ass een de ganzen Dag op de Been an et wëll een ëmmer säi Bescht ginn, fir all eenzele Client ze iwwerraschen an zefriddenzestellen. Rieds ass vum Fleurist. Mir waren en Dag hannert d’Kulisse kucken an hunn eis Reporterin Fabienne an de Stage geschéckt. Dobäi huet et net nëmme vill Bouquete misse bannen, mee virun allem d’Blumme misse fleegen. Eng flott Aufgab huet awer och nach op et gewaart an zwar konnt et mat hëllefen, eng Hochzäit ze dekoréieren.