Net just an der fiktiver Film-Welt, ma och elo a Wierklechkeet kann den Daniel Craig behaapten, en "Honorary Commander" ze sinn.

Et ass eng grouss Éier fir den James-Bond-Schauspiller. Hie gouf vun der Royal Navy mat engem Éierentitel ausgezeechent. Den Titel "Honorary Commander" entsprécht dem Rang vun engem "Fregattenkapitän" bei der Marinn an domat dem Déngschtgrad vum fiktive Geheimagent James Bond. Den Daniel Craig wier iwwerglécklech iwwert dës Éierung gewiescht, huet de ranghéchsten Offizéier vun der Marinn, den Admiral Tony Radakin verroden. Ech fille mech wierklech privilegéiert a geéiert, sou den Acteur, deen 2006 eng éischte Kéier d'Roll vum brittesche Geheimagent gespillt huet.

Zanter 15 Joer verkierpert de Craig den Agent 007, e Marinnoffizéier, dee mat senge Missioune fir d'Sécherheet vu Groussbritannien suergt. An dat géing déi richteg Royal Navy all Dag maachen, andeems si Technologien a Fäegkeeten op déi selwecht Manéier asetze wéi den James Bond, sou de Radakin.

En Dënschdeg feiert den neien James-Bond-Film "No Time to Die" Weltpremière zu London. Do virdru war den Daniel Craig als 007 an de Filmer "Casino Royale", "Quantum of Solace", "Skyfall" an "Spectre" ze gesinn.