E Freideg den Owend geet et am Live! Planet People ëm Cyclissem bei de Paralympics, Autosgecken an déi éischt Burlesque-Danzschoul.

D'Denise Schindler ass Weltmeeschterin um Vëlo. Bei de Paralympics am Summer zu Tokio huet si eng Bronzemedail fir Däitschland gewonnen. Mat 2 Joer koum d'Denise am Wanter ënner d'Stroossebunn an huet e Been verluer. Zanter 2010 ass si Héichleeschtungsradsportlerin an ass dat Joer drop schonn Weltmeeschterin op der Strooss ginn. Am Buch "Vom Glück, Pech zu haben" beschreift d'Denise, wéi een un engem Schicksalsschlag wuesse kann a verréit hir 10 Grondsätz domadder ëmzegoen.

RTL

Den Ed Goedert ass e begeeschterte Motto- an Autosgeck. De pensionéierte Garagiste, deen och eng Zäit President vun der Adal war, invitéiert den 1. an 2. Oktober d'ganz Welt an de Grand-Duché op den Oldtimerrallye "Luxembourg Classics", wou jiddereen zougelooss ass mat engem historesche Gefier bis Baujoer 2001.

Donieft bréngt hien Ufank November e Buch eraus iwwer déi flottst an onbekannten Stroossen hei zu Lëtzebuerg, wou hien op 185 Säiten, 11 Strecken virstellt déi een ausprobéiere sollt.

RTL

D'Lulu Madeleine huet sech um Dita von Teese inspiréiert. Bei Burlesque Luxembourg ameséiert si de Public an trainéiert Gläichgesënnter. D'Presidentin vun der éischter Burlesque Danzschoul huet dës Form am "Crazy Horse" zu Paräis fir sech entdeckt. Hannendru verstoppt sech eng speziell Konscht "Art of tease" a säi Kierper z'akzeptéieren wéi en ass. Nieft dem Kostüm ass och de Kënschtlernumm ganz wichteg wéi zum Beispill "Dirty Martini" oder "Perle Noire" a jiddereen, dee Loscht huet kann et léieren.

RTL