Dat Urteel ass gefall, nodeems eng Fra bei deem Coiffeur absolut onzefridden iwwert hir Frisur war a wéinst engem "séileschen Zesummebroch" geklot hat.

D'Model Aashna Roy war am Joer 2018 an de Salon vun engem Luxus-Hotel zu Nei Delhi a wollt hir Spëtzen ëm 10 Zentimeter gekierzt kréien. De Coiffeur huet do dommerweis eppes falsch verstanen an d'Hoer op eng Längt vun 10 Zentimeter geschnidden.

D'Model fir Hoerprodukter hätt doduerch eng ganz Partie lukrativ Opträg verluer an den Dram vum Top-Model wier geplatzt, sou d'Urteel vum Geriicht zu Nei Delhi. Et géif keen Zweiwel ginn, dass Frae hir Hoer vill fleegen an dofir och vill Suen ausginn an dowéinst emotional un hinnen hänken.