Nom ziville Mariage am Fréijoer dëst Joer war déi kierchlech Zeremonie vun der Prinzessin d'Marie-Astrid vu Liechtenstein zu Orbetello.

Nieft de ierfgroussherzoglecher Koppel waren och de Prënz Félix, de Prënz Louis a seng Fiancée Scarlett-Lauren Sirgue, d'Prinzessin Alexandra an de Prënz Sébastien  invitéiert, fir hirer Cousine d'Éier ze erweisen.

Den ziville Mariage war komplett privat, ofgeschiermt vun der Ëffentlechkeet. E puer Méint méi spéit an nëmme knapp 3 Wochen no hirer méi jonker Schwëster, ass d'Marie-Astrid vu Liechtenstein an der Kierch bestuet ginn. De Mann un hirer Säit ass de 36 Joer alen Amerikaner Ralph Worthington. Och hie kënnt aus räiche Verhältnisser, als Urenkel vum Grënner vu Metropolitan Oil.

Déi 34 Joer al Prinzessin Marie-Astrid vu Liechtenstein ass d'Duechter vum Prënz Nikolaus a vun der Prinzessin Margaretha vu Liechtenstein, der Schwëster vum Grand-Duc Henri. Si ass déi eelsten Duechter vun 3 Kanner. Hir Schwëster Maria Anunciata hat sech am Juni  zivil bestuet, déi kierchlech Zeremonie war uganks September zu Wien.