Mam Vëlo nonstop eleng vu Miersch op Basel. Dat ass d’Zil, dat sech de Romain Possing virgeholl huet.

De fréiere Lëtzebuerger Laangstreckeleefer, dee mëttlerweil eng Passioun fir d’Vëlofueren huet, ass um Freiden Nomëtten am Mierscher Park an Direktioun Schwäiz gestart. Eng 553 Kilometer wëll hie bannent 24 Stonnen op zwee Rieder zréckleeën.

Déi Distanz steet symbolesch fir d’Unzuel u Schwäin aus Lëtzebuerger Zuucht, déi dem Extremsportler senge Berechnungen no pro Dag geschluecht ginn. De Romain Possing ass zënter 4 Joer vegan a wëll och aner Leit sensibiliséieren, fir sech méi bewosst ze ernären. Hie wëll keen iwwerzeegen, Veganer ze ginn, mä rifft zu manner Fleeschkonsum op. Mat senger Aktioun „Cycling for Animals“ sammelt hien och Suen, déi un de Gnadenhof Papillon zu Munchhouse gespent ginn. Dat ass en Haff, wou krank Déieren opgeholl a gefleegt ginn. De Romain Possing a seng Famill hunn och e Parrainage fir dräi Déieren iwwerholl, déi op deem Haff am Elsass liewen.

Um Samschdeg géint 14 Auer hofft de Romain Possing zu Basel unzekommen, fir dann do un der Vegan Messe deelzehuelen.