Am Concours goung et drëms, d'Beruffer aus der Gastronomie, deene Jonke méi nozebréngen a se ze motivéieren, och esou Beruffer z'ergräifen.

Si waren zu néng an hu Lëtzebuerg am Concours "Dreamjobs Ambassadors" vertrueden. Dräi vun hinne goufen ausgezeechent. Ma wéinst dem Coronavirus ass d'Präisiwwerreechung awer ëmmer nees verluecht ginn. Elo war et dann endlech esou wäit: fir déi dräi Éischt geet et elo op Dubai.

D'Organisatioun, d'Direktioun, d'Jury, d'Horesca, d'Chambre de Commerce, de Minister Lex Delles an natierlech och d'Kandidaten, déi drun deelgeholl hunn, ware gespaant. Eng wichteg Präisiwwerreechung fir d'Horesca, mat engem eenzegen Ziel: dës Beruffer deene Jonken nees méi nozebréngen a se ze motivéieren, selwer Patron ze ginn.

All Participant huet e Video presentéiert, wou ee gewuer ginn ass, wou e schafft a wat e genee an der Restauratioun mécht. Ma déi dräi Bescht kruten eng Auszeechnung. Hire Rot, dee se den zukünftege Restaurateure mat op de Wee ginn: et muss een dofir gemaach sinn.

Et ass schwéier, déi Jonk fir dësen, och haarde Beruff, ze motivéieren. Leider huet de Covid hei net zum Positive bäigedroen.

Gewonnen hunn de Clovis Degrave aus der Hostellerie du Grünewald, de Sébastien Dziezuk aus dem Bistrot Parc Belair an de Ben Weber aus dem Gudde Kascht.

Fir de Clovis Degrave, deen Éischte ginn ass, ass et eng Éier, dëse Präis ze gewannen. Seng Eltere ware schonn an der Restauratioun an esou bleift Kach fir hien nach ëmmer säin Dramberuff. De Clovis wëll déi Jonk ënnerstëtzen an och motivéieren, sech fir dëse Beruff z'entscheeden. Dofir huet hien elo scho konkreet Zukunftspläng. Hien wëll en zweet Etablissement fir Jonker opmaachen.

De Ben Weber, bekannt duerch säi Gudde Kascht zu Haler, war sech am Alter vu siwe Joer scho sécher, wat hie spéiderhi maache wéilt. Ma wat kee weess: de Ben huet sech duerch säi Beruff charakterlech komplett verännert. Soss war hie schei. Elo duerch d'Clienten a sengem eegene Restaurant huet dat geännert.

De Ben weess, wat hie wëll, wat och an deem Beruff wichteg ass. Dobäi kënnt, dass hie ganz genee aus senger Zär dat eraussicht, wat herno op den Teller kënnt. Fir de Ben gëtt et kee gudden oder schlechte Kach. Wann een natierlech kache kann, ass et fir hien eppes aneschters, wat zielt: et gi just Käch, déi "anescht " sinn.

Zwee jonk a motivéiert Käch, déi schonn als Kand wossten, wat se wéilten. Ma de Clovis an de Ben hunn nach esouvill Iddien a Projeten, déi se realiséieren wëllen, dass se ons sécher an Zukunft nach mat där enger oder anerer, virun allem kulinarescher Iwwerraschung begeeschtere wäerten.