Am noosten un déi 130 ass d'Fransousin Jeanne Calment komm, déi 1997 am Alter vun 122 Joer gestuerwen ass.

Enger neier wëssenschaftlecher Etüd no kënne Mënschen 130 Joer oder esouguer méi al ginn, och wann d'Chancen dofir extrem kleng sinn. Am Fachmagasinn "Royal Society Open Science" goufen d'Date vu ronn 1.100 Leit aus 13 verschiddene Länner, déi iwwer 105 Joer al sinn, analyséiert.

Wéi al Mënsche maximal kënne ginn, gëtt an der Fuerschung zanter laanger Zäit kontrovers diskutéiert. Déi rezent Analys suggeréiert, datt de Stierfrisiko vun engem Mënsch vun engem gewëssen Alter un net méi klëmmt, mee konstant bei ronn 50:50 läit.

Fir een, dee schonn 110 Joer al ass, ass d'Chance, nach ee Joer ze liewen, "wéi wann een eng Mënz geheit", esou de Statistik-Professer Anthony Davison vum Schwäizer Institut für Technologie. Eréischt viru kuerzem sinn eng Rei Etüde publizéiert ginn, déi d'Usiicht vertrieden, datt Mënschen och 150 Joer al kéinte ginn. Déi nei Etüd baséiert allerdéngs op engem méi breeden Datesaz.

Net vill Leit bréngen et fäerdeg, 110 Joer al ze ginn. Mee dem Davidson no kéinten et nach am Laf vun dësem Joerhonnert Mënsche ginn, déi 130 Joer al ginn. Dat géing awer och vu medezineschen a soziale Fortschrëtter ofhänken.

Dee bis elo eelste Mënsch vun der Welt war d'Fransousin Jeanne Calment. Si ass 1997 am Alter vun 122 Joer gestuerwen.