Amplaz vun engem Collage aus Schäiner, ginn zwou eidel Billerrumme mam Titel "Huel d'Suen a verschwann" am dänesche "Kunsten Museum" ausgestallt.

Ganz nom Motto "Ass dat Konscht oder kann dat wech?" huet den dänesche Kënschtler Jens Haaning méi wéi 70.000 Euro akasséiert. De Musée hat him d'Zomm geléint, fir doraus e Collage opzestellen. Ma amplaz d'Schäiner op eng Toile ze pechen, wëll de 56 Joer ale Kënschtler dem "Kunsten Museum of Modern Art" zu Aalborg nëmmen eidel Billerrumme mam Titel "Huel d'Suen a verschwann" iwwerloossen.

Mat de Suen hätt den Haaning eigentlech ee vu sengen ale Wierker rekonstruéiere sollen. Hei goung et ëm de Joresloun an Dänemark an Éisträich, deen duerch dänesch Krounen an Euro-Schäiner representéiert gouf.

Aus der neier Oplo vum Wierk ass awer näischt ginn: Zwee Deeg virun der Ouverture vun der Ausstellung huet de Musée eng Noriicht vum Kënschtler kritt, an där hie si doriwwer informéiert, datt hien d'Wierker, op déi si sech gëeenegt haten, net gemaach huet.

"Ech weisen domat, datt mir och d'Verantwortung, d'Strukturen, vun deene mir een Deel sinn, a Fro stellen", esou erkläert den Haaning säi Verhalen. Den Direkter vum Musée, de Lasse Andersson, gëtt sech elo mol domat zefridden a stellt déi zwee eidel Billerrummen aus. Wann d'Ausstellung de 16. Januar eriwwer ass, wäert de Musée awer "déi noutwenneg Mesuren huelen, fir datt de Jens Haaning säi Kontrakt anhält an d'Suen zeréckgëtt".

Fir seng Aarbecht un deenen zwou Rummen hat de Kënschtler 10.000 Krounen (1.340 Euro) kritt. Donieft hat hien nach eng Primm fir d'Ausstellung negociéiert.