D'Bees, a Frankräich “la bise”, ass logescherweis mam Virus verschwonnen. Ma zanter Kuerzem taucht se erëm lues awer sécher zu Paräis op.

Mat der Impfung ass d'Angscht vum Ustiechen erofgaangen an d'Leit komme sech nees méi no, e Phenomeen, wat een awer och mëttlerweil zu Lëtzebuerg beobachte kann.

Déi franséisch "La bise" feiert zu Paräis den Ament hire Comeback. Ob Famill, Frënn oder Kolleegen: an der Lescht huet jidderee sech mat der Fauscht oder mam Ielebou begréisst. Mat der Situatioun vun haut, engem Taux vu 70 Prozent, déi a Frankräich schonn geimpft sinn, kommen nees verschidden Fräiheeten , an de Geste geet nees lues a lues verluer. Déi meescht sinn nees méi wéi zefridden, dass se sech nees drécke kënnen a virun allem kësse kënnen.

Esouguer den Emmanuel Macron, dee virdrun de Leit geroden huet, Ofstand ze halen a kengem d'Hand ze ginn, gesäit een och elo ëmmer méi an der Ëffentlechkeet eng "Bise" maachen.

An awer si verschidde Paräisser der Meenung, dass et ni méi esou wäert sinn, ewéi et war. Elo ass et méi einfach, méi selektiv an et kann een engem ze verstoen ginn, dass een een net kësse wëll.

Ob mam Ielebou, der Fauscht oder der Hand, wat zielt, ass, dass ee sech iwwerhaapt nach Moie seet. Eent ass awer emol sécher, et wäert wuel nach eng Zäitchen daueren, bis et nees esou ass, ewéi mer et gewinnt waren.