Et ass en immens grousse Marché: De Kaffisecteur generéiert all Joer en Ëmsaz vun ongeféier 220 Milliarden Dollar.

Héichrechnunge ginn dovunner aus, dass d'Produktioun sech muss verduebelen oder souguer verdräifachen, fir der Demande am Joer 2050 gerecht ze ginn.

D'Fro, déi sech stellt, ass, wéi dës Produktiounssteigerung kann op eng nohalteg Manéier passéieren. De "Coffee Barometer Collective" geet dovunner aus, dass fir dëser Nofro gerecht ze ginn, zousätzlech 10-20 Milliounen Hektar Land gebraucht ginn. An dës virun allem duerch d'Ofholzen an Ofbrenne vun Tropebësch wäert zougewonne ginn. Eng nohalteg Entwécklung spillt deemno och eng grouss Roll am Kaffisecteur. Dat, wann et ëm d'ökologesch Aspekter geet, mä natierlech och ëm sozial an ekonomesch.

RTL

© Fairtrade Lëtzebuerg

1992 war Kaffi den éischte Produit, dee Fairtrade-zertifiéiert ginn ass. Hei am Land huet sech d'Vente kontinuéierlech gesteigert. Am Joer 2019 si 425 Tonne Fairtrade-Kaffi zu Lëtzebuerg verkaf ginn, wat en Undeel vun 11,5 % um Marché bedeit. Souzesoen all zéngt Kaffistaass, déi gedronk gëtt, kënnt aus dem fairen Handel. Dëst Joer sinn hei am Land 4 nei Fairtrade-Kaffiszorte lancéiert ginn. Alleguerten aus anere Länner a mat enger anerer Geschicht dohannert.

Nicaragua

Déi Fairtrade-zertifiéiert Kooperativ "El Gorrión" beschäftegt zu 100% Fraen. 40 Fraen hu sech hei am Grupp "Manos de mujer" zesummegeschloss, fir Kaffi ze produzéieren, dee vum Ubau bis zum Verkaf vun hinnen hiergestallt gëtt. De Kaffi aus dëser Kooperativ fënnt een hei um Marché ënnert dem Numm "Café du Coeur" vun der Réischterei Bruno. Ënnerstëtzt gëtt dëse Projet vun der Fondation du Grand-Duc et de la Grand-Duchesse an der Assoziatioun Stand Speak Rise Up.

Mexiko

D'Fairtrade-Kooperativ SPOSEL hat d'Iddi, seng Kaffisboune per Seegelschëff an Europa ze transportéieren. No e puer Etappen, 13.000 nautesch Meilen an 8 Méint, ass dat 101 Joer aalt Seegelboot Avontuur am Hamburger Hafen ukomm. D'Zil war et, de Kaffi mat esou mann wéi méiglech CO2-Emissiounen ze transportéieren. Dëse Kaffi gëtt hei um Marché vun der Réischterei Lëtz Coffee ugebueden.

Honduras

2016 ass d'Fairtrade-Kooperativ CAFESMO gegrënnt ginn. Si regroupéiert 260 kleng Produzenten, déi hire Kaffi an der Héicht tëscht 950 an 2000 Meter ubauen. D'Zil vun der Kooperativ ass et, virun allem Jonker aus der Regioun am Kaffisecteur weider ze bilden a se fir de Kaffisubau ze motivéieren. Hei um Marché bitt déi ganz nei Réischterei Feierboun, déi réischt dëst Joer opgaangen ass, dëse Kaffi aus dem Honduras un.

Ruanda

D'Fairtrade-Kooperativ Dukunde Kawa läit op iwwert 2.000 Meter Héischt an der Stad Musasa. Déi 2.000 Memberen entscheeden all Joer zesummen, wouranner se hir Fairtradeprimm investéieren. Déi lescht Joren hu se dës Suen dofir genotzt, fir déi lokal Mëllechproduktioun weider ze entwéckelen an hunn an de Kaf an d'Renovatioun vun enger Mëllechfabrik investéiert. Dëst mécht se manner ofhängeg vun Importer an ënnerstëtzt eng Diversifikatioun vun de Revenuen an der Regioun. Hei um Marché bitt d'Réischterei Lëtz Coffee an Zesummenaarbecht mat der ONG Le Soleil dan la Main un.

Weider Informatiounen zum Thema Kaffi a fairen Handel fënnt een hei.