D'Sängerin huet an engem Video doriwwer geschwat, datt si als Kand vun engem Familljemember mëssbraucht ginn ass, deen hir Musekscoursen hätt solle ginn.

An enger Episod vun der Facebook-Serie "Red Table Talk: The Estefans" huet d'Musekerin mat kubaneschen Originnen en Donneschdeg iwwer d'Trauma aus hirer Kandheet geschwat. D'Gloria Estefan erkläert, datt si vun engem wäitleefege Familljemember, deen hir Musekscourse ginn huet, mëssbraucht ginn ass.

Hir Mamm wier deemools frou gewiescht, well de Museksproff dem Kand ee grousst Talent virausgesot an dem Gloria besonnesch vill Opmierksamkeet geschenkt huet. Ma de Mann hätt vu senger Positioun an dem Vertraue profitéiert.

Wéi d'Sängerin sech géint d'Iwwergrëffer wiere wollt, huet de Proff hir gedreet, hir Mamm ëmzebréngen. Aus Angscht virun den Iwwergrëffer wieren hir d'Hoer souguer ausgefall. Wéi d'Musekerin sech hirer Mamm uvertraut huet, krut d'Mamm vun der Police geroden keng Plainte ze maachen. D'Kand géif "nach méi e schlëmmen Trauma" erliewen, wann et als Zéien aussoe misst.

Dem Gloria Estefan hir Niess war houfereg op hir Tatta: "Du hues laang op dee Moment gewaart." Och den TV-Star Clare Crawley war an der Episod dobäi. Och si ass als Kand mëssbraucht ginn.