E Freideg den Owend geet et am Live! Planet People ëm e jonke Lëtzebuerger um Matterhorn, en RTL-Adelsexpert an d'Weltausstellung zu Dubai.

Den Daniel Lichy huet sech den 21. August 2021 veréiwegt. Hien ass de jéngste Lëtzebuerger, deen zesummen mam Matthew Pace déi 4.478 Meter vum Matterhorn gemeeschtert huet. Hie krut dat an d'Wéi geluecht, well och 1978 stoung säi Grousspapp schonn uewen um Bierg an 2013 säi Papp. Duerch en Zoufall koum him virun 6 Méint d'Iddi, wéi hien duerch en Album mat Fotoe gebliedert huet an hat direkt de Wonsch d'Familljentraditioun virunzeféieren. Grouss Motivatioun war d'Rebecca, eng Kusinn, déi mat 15 Joer u Kriibs gestuerwen ass.

De Michael Begasse huet et net laang als Banquier zu Tréier ausgehale an huet sech fir Radio an dono RTL Televisioun entscheet, wou hie sech en Numm als Adelsexpert gemaach huet. Scho wärend sengem Studium huet hie beim RPR gejobbt. Zanter 1994 schafft hie fir RTL zu Berlin a spéider zu Köln. Et gesäit een hien reegelméisseg bei Punkt 12, bei groussen Evenementer wéi royale Begriefnisser, Trounwiessel, Dramhochzäiten oder wann e Successeur op den Troun op d'Welt kënnt. A sengem Buch "111 royale Momente für die Ewigkeit" gëtt et Geschichten aus dem Liewe vun de Royals op der ganzer Welt.

11 Joer no Shanghai an ee Joer méi spéit wéi geplangt ass d'Weltausstellung zu Dubai elo endlech op. Wann déi leschte Kéier och nach d'Gëlle Fra de Pavillon bewaacht huet, dann ass dës Kéier alles e gutt Stéck méi modern gehalen, bannen a baussen. Lëtzebuerg weist sech als innovatiivt, diverst an nohaltegt Land. 200 Länner an international Organisatioune presentéiere sech bis den 31. Mäerz vun hirer schéinster Säit am Arabeschen Emirat a loossen d'Welt staunen. Ënnert hinnen d'Violetta Caldarelli.


RTL