De William Shatner huet wuel ee vun de bekanntste Personnagen am Star-Trek-Universum verkierpert. Elo flitt de Schauspiller selwer an de Weltall.

Mat enger Rakéit vu Blue Origin vum Amazon-Grënner Jeff Bezos flitt den 90 Joer ale Schauspiller den 13. Oktober an d'Weltall. Domadder gëtt de Shatner den eelste Mënsch, dee jee am All war.

Mat dëser "Missioun" geet hien en änleche Wee, wéi scho d'Kultfigur Captain Kirk, déi zanter 1966 vum Shatner verkierpert gouf. Schonn am September hat d'Promi-Portal "TMC" annoncéiert, datt de kanadesche Schauspiller eng Plaz am nächste Fluch vu Blue Origin an d'All sollt kréien.